slider_01_1500x254
slider_02_1500x254
previous arrowprevious arrow
next arrownext arrow
Shadow


Den 22. Abrëll 2018 war en historeschen Dag fir déi Rippeger Pompjee. No bal 110 Joer hu ronn 10 Pompjee d’Opléisung vum Veräin beschloss.

Dee selwechten Owend hunn 13 motivéiert Grënnungsmemberen déi nei Amicale an d’Liewe geruff. Dorënner de Nico Prommenschenkel, deen laangjärege Member a President vun de Pompjee war, an d‘Présidence vun der Amicale iwwerholl huet.

D’Amicale Rippeger Pompjee huet sech nei Statuten ginn woubäi den Akzent um Erhale vum Duerfliewen an de lokalen Traditiounen läit. An deem Sënn iwwerhëlt d‘Amicale d‘Organisatioun vun der traditioneller Rippeger Antoniuskiermes, déi wéi all Joer de 17. Januar am Pompjeesbau mat Hameschmieren an engem gudde Patt gefeiert gëtt. Och d‘Buergbrennen gëtt e feste Bestanddeel um Programm vun der Amicale.

e puer Links – en attendant

e puer Fotoen vum Scout’s Chalet