No enger Paus vun 2 Joer, ass den 3. Juli 2022 vun 11:30 – 17:00 endlech rëm en Nopeschfest zu Rippeg.
Hoffentlech sinn och dëst Joer rëm vill Leit interesséiert.
D’ Amicale :
- suergt fir déi néideg Infrastruktur (2 Griller, 2 Frigoen, Dëscher, Bänken, Glieser an Zerwéiten).
- offréiert dozou frësch Baguetten, Jus, Waasser, Kaffi a gutt Musek.
- organiséiert e Sprangschlass fir d’Kanner.
De Prinzip ass sou geduecht, datt jiddereen seng perséinlech Grillsaachen (an och Teller + Besteck) selwer matbréngt !!!
Eng gutt Zalot (oder soss eng interessant Bäilag) an/oder e leckeren
Dessert fir op de Grousse Buffet sinn natierlech méi wéi wëllkomm… !!!
Béier wäert scho genuch do sinn, dofir bréngt am léifsten 1 Fläsch Crémant an/oder Wäin fir op de Buffet mat (gutt virgekillt…).
Wann Dir iech bis elo nach net ugemellt hutt, dann maacht dat elo bei der Amicale op info@schwengsgronn.lu oder beim Fern : 691 163998
N’hésitez pas à nous contacter pour plus d’infos ou explications… !
Léif Gréiss a bis spéitstens den 3. Juli beim Pompjeesbau zu Rippeg.
