slider_01_1500x254
slider_02_1500x254
previous arrowprevious arrow
next arrownext arrow
Shadow

En historeschen Dag fir déi Rippeger Pompjee

Den 22. Abrëll 2018 war en historeschen Dag fir déi Rippeger Pompjee. No bal 110 Joer hu ronn 10 Pompjee d’Opléisung vum Veräin beschloss.

Dee selwechten Owend hunn 13 motivéiert Grënnungsmemberendéi nei Amicale an d’Liewe geruff. Dorënner de Nico Prommenschenkel, deen laangjärege Member a President vun de Pompjee war an d‘Présidence vun der Amicale iwwerholl huet.

D’Amicale Rippeger Pompjee huet sech nei Statuten ginn woubäi den Akzent um Erhale vum Duerfliewen an de lokalen Traditiounen läit. An deem Sënn iwwerhëlt d‘Amicale d‘Organisatioun vun der traditioneller Rippeger Antoniuskiermes, déi wéi all Joer de 17. Januar am Pompjeesbau mat Hameschmieren an engem gudde Patt gefeiert gëtt. Och d‘Buergbrennen gëtt e feste Bestanddeel um Programm vun der Amicale.

Zesummen mat Batter Séis gëtt dësen 26. Januar nees e Cabaret zu Rippeg opgefouert. D‘Amicale ënnerstëtzt och d‘Kanner aus dem Duerf op Liichtmëssdag an deem d‘Séissegkeeten am Pompjeesbau opgedeelt ginn. D‘Nopeschfest vun dësem Joer war esou e grousse Succès well d‘Amicale a villen Hisiichten hir Ënnerstëtzung ugebueden huet.

D’Amicale huet sech direkt och en neien Logo ginn an ass dobäi eng Internetsäit opzebauen mam Haaptfokus op der Geschicht vum Duerf.

Um Site www.schwengsgronn.lu wäert en Archiv publizéiert ginn mat Manuskripter, Fotoen a Filmer déi d’Duerfliewen aus de leschte Joerzéngter dokumentéieren. Un dëser Stell maache mer en Opruff un Iech all eis eventuellt Material ze schécken op info@schwengsgronn.lu oder per Post un eise President Nico Prommenschenkel.