slider_02_1500x254
previous arrowprevious arrow
next arrownext arrow
Shadow

2025 – 40 Joer Pompjeesbau Rippeg

Mir notzen dës Geleeënheet fir 40 Joer Pompjeesbau Rippeg ze feieren.

Wéi all Joer, ass och dëst Joer den 29. Juni 2025 vun 11:30 – 17:00 rëm en Nopeschfest zu Rippeg.

Hoffentlech si rëm vill Leit interesséiert – mir zielen op iech!

D’ Amicale :

  • suergt fir déi néideg Infrastruktur (2 Griller, 2 Frigoen, Dëscher, Bänken, Glieser an Zerwéiten).
  • offréiert dozou frësch Baguetten, Jus, Waasser, Kaffi a gutt Musek.

De Prinzip ass sou geduecht, datt jiddereen seng perséinlech Grillsaachen (an och Teller + Besteck) selwer matbréngt !!!

Eng gutt Zalot (oder soss eng interessant Bäilag) an/oder e leckeren Dessert fir op de Grousse Buffet sinn natierlech méi wéi wëllkomm… !!!

Béier wäert scho genuch do sinn, dofir bréngt am léifsten 1 Fläsch Crémant an/oder Wäin fir op de Buffet mat (gutt virgekillt…).

Wann Dir iech bis elo nach net ugemellt hutt, dann maacht dat elo bei der Amicale op info@schwengsgronn.lu oder beim Fern : 691 163998

N’hésitez pas à nous contacter pour plus d’infos ou explications… !

Léif Gréiss a bis spéitstens den 29. Juni beim Pompjeesbau zu Rippeg.